Seiten

FAQ

FAQ / Allgemenge Informatiounen oder Froen

*** Wien sinn mer ?? ***
Mir sinn eng Grupp vun engageierten Amateurphotografen dei seit Eiwech schons Photoen machen. Mir hun analog Photoen gemach an selwer entweckelt, sinn elo awer mat digitalen Photoapparenten ennerwee an verschafen eis Photoen duerno weider um PC.

*** Wei eng Photoen machen mer ?? ***
Mir sin bereet all Sorten vun Photen ze machen.
-Mir gin op aer Wensch an oder brengen selwer kreativ Ideen mat.
-Mir bidden iech un bei eis an de Studio ze kommen, gin awer och eraus Photoen machen.
-Mir photografeieren Menschen , Deieren an Saachen.

*** Virwat machen mer dat ?? ***
Haaptsächlech aus Spass ...

*** Wei eng Rechter huet wien ?? ***

Alles ass meigelech. Mir setzen am Viraus e Kontrakt mat iech ob, wou mer dran schreiwen wat mir an wat dir mat de Biller dierft machen.
Link zum Contract: ass hei

*** Wei leeft sou eng Fotosession of ?? ***
An engem Virgespreich klären mer mat iech of, wat dir iech erwart. Ob et en einfach klassechen Portrait soll gin, oder eng sexy Photo vir de Leiwsten, oder e Shooting vun enger Kopel oder enger Group soll sin. Ob et e Nu (Akt) soll sinn oder ob der eng Szene mat Kostumer wellt duerstellen.
Nodeem dat kloer ass, fixeieren mer e Rendez-vous bei eis am Studio, dobaussen oder bei iech doheem.
Während dem Photoshooting probeieren mer verschidden Scenen a Belichtungen aus, varieieren d'Accessoiren, d'Hannergrenn an d'Effekter. Rechent zwou  Stonnen duerfir an. No der Zeit hun mir zweschend 100 an 300 Photoen gemach.

*** Wat kascht et ?? ***
Ons kascht et vill Zeit an natiirlech och Geld.
Dofir sollt der iech och ongefeier 2 Stonnen Zeit huelen.
Fir kleng Jobs ewei Portrait, Kommuniousbiller, Biller fir är Demanten , asw,  wieren mer frou wann der en Deel vun den Onkäschten mat geift iwerhuelen. Mir hun keng standard Praissr, well mer och keng standard Jobs machen. Frot einfach bei ons no.
Falls der e Modell sidd oder wellt gin, an loscht op Experimenter an kreativ Fotoshootings hud, da meld iech bei ons, mir schaffen gären op TFP-Basis  (Time for Pictures).dat heescht dir investeiert iech an aer Zeit, an mir gin iech duerno eng DVD mat flotten Biller.