Seiten

Montag, 18. April 2011

Web-page

D'Photopirates machen en Upgrade...
Niewent eisem Blog sinn mer elo och ennert dem Domain
www.photopirates.lu erreechbar.
Vun elo un, fand der also ons Fotoen op deenen zwou Plaatzen

Montag, 24. Januar 2011

Céline





D'Céline hat sech fir sein Gebuertsdag eng Fotosession gewenscht. Sou koum et dass hat mat sengen sechs Frendinnen bei ons am Studio sein Gebuertsdag mat Kannerschampes an Kuch gefeiert huet. Ons Nowues-modellen haten schons ganz genau Virstellungen an haten allerhand Accessoiren matbruecht.
Sou hun mer super flott Szene vun romatesch verdreemt bis flippech geckech duerchgespillt, an toll Biller vun deenen jonken Modellen geschoss.
Hei eng eischt Auswahl...
Posted by Picasa

Dienstag, 25. Mai 2010

Amigo to Rubbel


Een vun onsen Top-modelen huet e weideren groussen Karriere-sprong gemach. Den Amigo huet et op de neien Rubbel-billjee vun der Lotterie Nationale gepackt. Mat senger Hellef an e bes'chen Gleck kennt der elo bis 15.000 Euro gewannen.

Montag, 8. März 2010

Anna


Vergiesst net mat Zeiten e Rendez-vous vir är Kommuniounsfotoen ze huelen. D'Anna war schons bei ons.

Nadine


D'Nadine, dat mer virun e puer Wochen am Studio haten, ass an der Semi-Final vum RTL sengem "Wanns de eppes kanns". Kuckt iech de Video hei un.

Samstag, 6. März 2010

Eng einfach Fro, soll ech eng Foto machen ?

Ech hun mer des Woch missen eng interessant an wichtech Fro kurzfristech selwer beentwerten, nämlech ob ech als Fotograf wirklech alles dierf, kann, soll oder souguer muss fotografeieren. Ech stoung urplötzlech Meindes moies virun engem Motiv dat mech gleichermossen faszineiert wei ofgeschreckt huet, wat ebensou emolech ewei onfotografeierbar wor. Neen ech schwetzen net vun der villdiskuteierter Gellen Fra, mee vun engem Mann deen ech am Besch fond hun an deen sech erhang hat. Einfach esou! En houng mat engem eletreschen Kabel un engem Bam. Eigentlech stoung en nach oder elo rem um Buedem, d'Been agekneckt an d'Geneck schief, gesteipt widert sengem Auto. Un engem eigentlech zimlech dennen Ascht a mat engem schlechten Knuet uewen ugestreckt, a mat enger Vielfachsteckdous beim Hals.

Natirlech hun ech direkt den 112 geruff .... Mee dun hat ech Zeit, Zeit fir ob Polizei, Ambulanz oder Pomjeen ze warden. Zeit fir mer Froen ze stellen: Ass en wirklech schons doud? Jo, eigentlech war ech mer secher. Firwat huet en dat gemach? Bestemmt wir et och nach eng aner Alternativ gin. Soll ech net awer vleicht esou eppes ewei Eischt Hellef probeieren? Neen, ech war mer secher, de Mann war doud. Virwat hun ech en missen fannen? Zoufall!! Soll ech eng Foto machen ???? Do war se, dei Fro, der ech mech eigentlech net wollt stellen. Mee dun war et ze speit. De Gedanken war do an ech konnt en net mei ignoreiren. Als Fotograf, a vleicht grad als Amateurfotograf, fotographeiert een sou zimlech alles: Sennloses, Triviales, Scheines, Interessantes, je alles, a wann et nemmen ass vir ze mierken, dass et net neidech gewiecht wir et ze knipsen. Mee elo... Sennlos? Deen Mann do hat secher e Grond. Trivial war et secher net. et war wichtech fir den Mann an och bedeitsam fir mech. Schein? E Mann bei engem Bam, en Auto , vill Grengs... Eng schein Foto geif et net gin. D'Beleuchtung war ok, mee bessen ze deischter, nach keng Sonn, mee mat enger heiger Iso geif et vleicht goen. Stativ eraushuelen? Neen secher net. Sou cool sinn ech dann awer net. Aus der Hand fotografeiren? Secher verwackelen ech d'Foto. Mein Bolz ass op gefillten 220. Mein Adrenalin op 100 000. Virwar soll ech iwerhaapt eng Foto machen???
Interessat an eemolech wir se schons. Eemolech... fir de Mann secher, fir mech hoffentlech och. Interessant ? Wien wellt dei Foto eigentlech gesinn ? Well ech se iwerhaapt nach emol kucken?
Eigentlech gesinn mer all Dach am Fernseh, an der Zeitung Biller vun Krich an Doud. Et ass schons bal Normaliteit. Mee selwer et gesinn ass nei. Krichsreporter wir definitiv keen Job vir mech.
Mee dun. Bal ewei automatesch ass d'Hand an d'Tesch gangen an huet sech meng Lumix geschnappt. Esou wei se et schons tausend Mol gemach huet. Drei, vleicht veier Fotoen hun ech gemach, all zimlech verwackelt, all just mam Weitwenkel, vir awer de Respekt, d'Distanz ze waren. Dun eng mam Auto als Stativ, et soll weinstens eng net verwackelt sinn! Ufff, dat wir gemach. D'Thema Foto ass erleedecht; hun ech geduecht.....
Nach 10 laang Minuten hun ech missten warden bis Pompjeen a Ambulanz mech erleist hun. Nach mat der Polizei de Protokoll ogesat, an dun konnt ech schaffen fueren.
Mee dunn, wat soll ech mat der Foto machen. D'Kollegen waren erstaunt a schokeiert iwert d'Geschicht, mee d'Fotoen wollt eigentlech keen gesinn. Ech eigentlech och net mei!
Owes, beim Upload op de PC war ech nervös. Wei reageieren ech wann d'Foten elo net mei 1.5 Zoll, mee 17 Zoll grouss sinn? Soll ech se am Blog posten ?
Elo, no bal enger Woch ringen a kämpfen, mat de Biller, mam Thema, hun ech mech decideiert.
Ech erzielen iech d'Geschicht, mee ech weisen iech d'Fotoen net. ---Virwat?---- Deen esou Fotoen wellt gesinn, huet all Dach am Fernseh, an der Zeitung an am Internet genuch ze kucken. Deen des Seit , dese Blog gewollt oder duerch Zoufall besicht soll net duerch des Foto schockeiert oder belästecht gin.
Vleicht, awer nemmen vleicht weisen ech der d'Foto, wann mer emol zesummen setzen an owes speit iwert Fotographie, Ästhetik an Ethik diskuteieren.....

Montag, 15. Februar 2010

Neies...

Neit Material bestallt, an schons ennerwee! Funk-Bletzausleiser, neien Bletz, Reflektoren,....

Montag, 8. Februar 2010

Nadine

D'Nadine Rodrigues, eng jonk talenteiert Sängerin aus dem Minett ass bei ons komm, vir dass mir seng Leift zur Musek an dem Gesang an enger Foto festhalen.
Hat huet ons während dem Fotoshooting mat enger Live-Performance vun sengem Können iwerzecht. Dofir wellen mir och op deser Platz Reklam fir hat machen. Am aktuellen RTL-Casting "Wanns de eppes kanns" stellt hat sech der Öffentlechkeet.
Kuckt iech niewent onsen Biller och seng Performance op RTL un.




Wann der d'Nadine ennerstetzen wellt. kennt der hei bei de Fotoen e Kommentar hannerlossen. Mir gin dat dann weider.

Sonntag, 24. Januar 2010

Amigo and friends

De Samsdech ass den Amigo mat sengen zwee beschten Frenn op eng Fotosession laanscht komm. Top moudesch duerchgestylt, huet e professionell gepost a seng zwee Menschen ganz schein op Trap gehal.
Vun Softie bis zum Actionstar ass sein Repertoire gangen, topgelaunt a ganz ouni Staralluren huet hien alles gin.
En Drammodel vun deem een als Fotograf nemmen dreemen kann. Mir soen dem Amigo e groussen Merci a wenschen him nach weider vill Succès an senger Modellcarrière.

Hei nemmen e klengen Auszuch ....


Dienstag, 19. Januar 2010

Inventaire....



Fir är perseinlech kreativ Fotosession bidden mir: 1 Haaptbletz vun 300 Ws mat verschidden Effekten, 3 Slavebletzer fir zousätlech Ophell-Effekter, iwert 2000 Watt Dauerlucht aus 4 verschidden Wenkelen, 5 Reklektoren fir och den klengste Eck auszelichten, Filteren a allen Reeboufarwen, en haleft Haus voller Accessoiren, eng angenehm Indoor-location, 2 Amateur-fotografen mat villen Ideen fir flott Digitalfotoen.
Wat musst dir matbrengen: Zeit a Loscht vir mat ons zesummen Fotoen ze machen.